+ ALL IN +

D'Party vum Joer 2024 !
Die Party des Jahres 2024 !
La soirée de l'année 2024 !

21. JUNI  2024 / 21 JUIN 2024

AB 17:00 Auer / A partir de 17h00

 Zoning KEHLEN - sITE DMH  -  LUXembourg

MERCI FIR DEI MEGA PARTY !!!

ALL IN - D'PArty Vum joer 2024

Tomorrowland war gëschter – am neie Joer heescht et “ALL IN” Den 21. Juni kënnt dir eng eenzegaarteg Experienz zu Kielen erliewen an dobäi nach eng Bonne Action fir d’Joer 2024 maachen. De Kai a Kevin Urbing, Kevin Gebele, Laurent Diederich a Marc Einsweiler invitéieren iech op hiert gréisste Charity-Event. Den Erléis gëtt integral un d’Fondatioun Wonschstär gespent.

ERLIEFT een onvergiesslechen Moment

 SAVE THE DATE  !  -  21 . 06 . 2024

Deen Dag hutt dir iech also näischt virzehuelen. Dowéinst schreift iech den 21. Juni 2024 GROUSS an de Kalenner. Opening (Afterwork) ab 17h00 - Open End

00

Days

:

00

Hours

:

00

Minutes

:

00

Seconds

LOCATION

D’Locatioun ass op enger eenzegaarteger Plaz mat enger zentraler Lag. Wie mengt e wäert net vill drénken, ka mam Auto kommen a fënnt och sécherlech eng Parkplaz. A wann awer ze vill Alkohol sollt fléissen, da kann den Auto och stoe bleiwen.

De Mobilen Handwierker

15 A, Zone Industrielle L-8287 Kehlen

MUSIC

DJen a Coverbande verwinnen iech musekalesch wärend dem ganzen Owend. All Museksgoût wäert hei op seng Käschte kommen.

Dj Luke

Aprés-Ski & Party

Dj Relo

Allround

Dj Stanko

Party Music

Simply TWO

Coverband - Allround

FOOD

D’Fans vum gëllenen Gléckselixir wäerte genuch ze drénke kréien. De Krunn kennt nämlech keng Limitt. Fir déi méi Séiss ënnert iech ginn et awer och vill Alternativen, verstoppt als Cocktailer. Fir d’Feinschmecker wäert och gutt gesuergt sinn, well de ganzen Owend laang ginn är Gaumen mat beschtem Lëtzebuerger Kascht verwinnt. A wien eng Auszäit vun der Danzpiste brauch, kann et sech gemittlech an der Loungebar maachen. Donieft kënnt dir iech op déi eng oder aner Iwwerraschung astellen.

SPill & Spaas

Och déi mei kleng kommen op hier Käschten. Puer cool Sprangschlässer waarden op Iech

.

.

.

.

MELL DECH UN !!!

Wéinst organisatoresche Grënn wiere mir frou, wann dir iech bis de 16. Juni iwwer PAYCONIQ (621 466 470 - oder QR Code) oder per Iwwerweisung (Konto LU55 0099 7800 3489 5631) umellt. Mënz a Schäiner kënne mir keng akzeptéieren, dowéinst biede mir iech am Viraus ären Don ze maachen. De ganzen Erléis gëtt op der Party mat engem Cheque un d’Fondatioun Wonschstär iwwerreecht. Iessen an Gedrenks as waerend dem Owend gratis. Maacht w.e.g. aeren Don fir aer Präsenz ze confirmeieren.

Foto-Galerie

Profitéiert vun eiser Fotosgalerie: Lued är Fotoen an Galerie an deelt är cooler Momenter op der Party

!!! MERCI !!!

Mir soen iech villmools Merci, dass dir eis bei dësem grousse Projet ënnerstëtzt.

MErci un eis PArtner !